Déi éischt zwou Wochen am Mee goufen et bei Jos & Jean-Marie speziell Eclairen, mam Logo vun den 30 Joer vun der Fondation Autisme Luxembourg. Dëst goufen zu Gonschte vun der Fondation verkaf.
Dank dëser Initiativ konnten 1523€ gesammelt ginn, déi Servicer an Aktivitéiten déi d’Fondation de Familljen an den TSA Leit ubidd ënnerstëtzt. Net nëmmen hu si eis finanziell gehollef, mee se waren och bei eis zu Rammerech fir festzestelle wat mir alles fir eis Awunner ubidden.
Mir sinn extrem dankbar, datt Jos & Jean-Marie eis d’Diere vun hirer Bäckerei opgemaach hunn an datt si hire Clientë d’Méiglechkeet ginn hunn d’Aktioune vun der Fondation ze ënnerstëtzen.
Jiddereen ass Acteur, jiddereen ass concernéiert.