D’Fondation Autisme Luxembourg huet de 7. Juni 2026 eng Marche Solidaire duerch d‘munzener Feldweeër organiséiert. Wärend dem kuerze Spadséiergang hat en d’Méiglechkeet bei verschidde Stänn stoenzebleiwen a soumat méi iwwert den Autismus an d’Fondatioun ze léieren.
Parallel huet de Moto-Club Kayldall säin eegene charity Tour veranstallt. Den „Autistour“ huet dëst Joer fir déi éischte Kéier stattfonnt an huet de Motarden erméiglecht 1500€ un d’Fondation Autisme Luxembourg ze spenden.
Ënnerwee, hu si eng wuelverdéngte Paus zu Munshausen am Centre Culturel ageluet, wou se eng Auswal u Baggels, Zaloten, Taarten an hausgemeete Limonade schmaache konnten. D‘Geleeënheet gouf benotzt fir d‘Scheckiwwerreechung ze maachen. Dëst Suen ënnerstetzen eis Servicer an Aktivitéiten, déi mir de Familljen an den TSA Leit ubidden.
Mir soen dem Moto-Club Kayldall e grousse Merci fir hire Gest, a bedanken eis och bei de Familljen, bei de Benevollen, bei de Participantë a bei al deenen, déi dozou bäigedroen hunn, dëst éischt Marche Solidaire ze verwierklechen.
Jiddereen ass Acteur, jiddereen ass concernéiert.