Éischten Apéro vum Lions Club Mameranus

Scheckiwwerrechungen am Gesamtwert vun EUR 56.000

E Samschdeg 29. Mee hat de Lions Club Mameranus (LCM) op en APERO op der Place d'Armes invitéiert. Engersäits war dëst éischt Event dozou geduecht senge Memberen, déi zënter November 2020 sech zwar reegelméisseg all Mount iwwer Videokonferenz fir eng Reunioun gesinn hunn, d'Méiglechkeet ze bidden, sech no dëser laanger Waardezäit mol nees physesch begréissen ze kënnen. Op der anerer Säit gouf dëse come together och als Geleeënheet benotzt fir déi verschidden Associatiounen z'invitéieren, deenen hir Projeten den LCM wärend sengem Geschäftsjoer 2020/21 mat engem Gesamtbetrag vun EUR 56.000 ënnerstëtzt hat.

Op nationalem Niveau waren dës: Blëtz asbl, Bourse universitaire pour étudiants réfugiés, Association Luxembourg Alzheimer, Leederwon asbl, Equiclic asbl, Trauerbuch-Kannerbuch "Mein Papa hieß Michel" vum Simone Thill, finanziell Ënnerstëtzunge fir e syresche Flüchtling, e peruaneschen Aarbechter zu Lëtzebuerg an zwee Museker vum Estro Armonico, souwéi déi järlech Ënnerstëtzung vum Téléthon. Dozou koumen och nach international Projete vun Dignity asbl, Iles de Paix Luxembourg, SOS Faim Luxembourg, Villa Kunterbunt, Amitié Am Sand-Amizero asbl an AEIN Luxembourg.

D'Invitatioun vum Lions Club Mameranus gouf vun enger ganz grousser Zuel vu eegene Memberen a Vertrieder vun de finanzéierte Verbänn ugeholl an domat huet dëst Zesummentreffen ënner stralendem Himmel op der Terrass vum QoSQo Restaurant bei Drinks an Tapas eng exzellent Geleeënheet fir interessant Gespréicher gebueden. Den Event gouf mat den obligate Scheckiwwerreechungen ofgeronnt.


Well den Erfolleg vun dëser Manifestatioun sech dem Organisateur als richteg bewisen huet, housch et dunn schlussendlech... nom APERO ass virum APERO.