Elisabeth Handicap um EAMHID Kongress 2023

De 14. EAMHID Kongress (European Congress of Mental Health in Intellectual Disability) zu Helsinki war eng gutt Geleeënheet fir Elisabeth Handicap, Entdeckungen a Praktiken an der mentaler Gesondheet fir Mënsche mat enger mentaler Beanträchtegung ze deelen.

D'Ekipp vun Elisabeth Handicap huet zwee Theeme präsentéiert, "Beréierung an d’No sinn am beruffleche Kontext" an "d’Roll vun der palliativer Betreiung an Institutioune fir Leit mat enger mentaler Beanträchtegung", un deenen d’Participanten e groussen Interessi gewisen hunn.

Elisabeth Handicap schafft weider dorun, dës Iddien an hir Aarbecht ze integréieren an d'Liewensqualitéit vu Mënsche mat enger mentaler Beanträchtegung ze verbesseren.

Wann Dir méi iwwert d'Aarbecht vun Elisabeth Handicap wësse wëllt, da kuckt gären op eisem Site laanscht: https://www.elisabeth.lu/personnes-en-situation-de-handicap/