Elisabeth krut op en Neits e generéisen Don vu Byborg Enterprises

Elisabeth huet op en Neits en immens wichtegen Don vu Byborg Enterprises kritt. Déi bemierkenswäert Zomm vu 7260€ déi mat dësem Don offréiert gouf wäert e signifikativen Impakt op d’Liewe vun deenen hunn, deene mir hëllefen.


Mir sinn dankbar fir hir trei Ënnerstëtzung, well reegelméisseg Done wéi dësen eis et erlaben, weiderhin eng essentiel sozial Hëllef deenen ze bidden, déi se brauchen. Zousätzlech zu hirer finanzieller Kontributioun hu Byborg Enterprises eis nach puer Nintendo Switch Konsolen a Manette geschenkt, déi de Kanner an eisem Internat an an eisem Foyer fir Flüchtlinge vill Freed wäerte bereeden.


Mir soe Byborg Enterprises en häerzleche Merci fir hir reegelméisseg Ënnerstëtzung an hir unhalend Generositéit géintiwwer Elisabeth.


Wann Dir och elo inspiréiert sidd an eis gäre wëllt ënnerstëtzen, da besicht eise Site, don.elisabeth.lu, fir en Don ze maachen. Mir soen Iech villmools Merci!