En eenzegaartegen Interview mat de Bewunner vun Elisabeth Handicap


Am Kader vun de Semaines de la Bientraitance 2023 huet Elisabeth en eenzegaartegen Interview mat de Bewunner vum Haus am Klouschter an dem Institut St. Joseph, den zwee Zentre fir Leit mat enger Behënnerung déi vun Elisabeth Handicap geréiert ginn, op d’Bee gestallt.

De Video weist d'Vilfalt vun den Erfarungen, déi d’Bewunner am Alldag sou maachen a betount d'Wichtegkeet vun der Bientraitance an enger Chancëgläichheet fir jiddereen. Den Interview soll hëllefen, eng inklusiv Gesellschaft ze fërderen – also kuckt Iech e gären un!