Eng staark Leeschtung op de Special Olympics 2023!

D’Mataarbechter/inne vu YOLANDE COOP S.I.S. (d'Ateliers d'inclusion professionnelle vun Elisabeth) hu bei de Special Olympics World Summer Games 2023 zu Berlin eng staark Leeschtung gewisen a puer Medailen zeréck mat op Lëtzebuerg bruecht!

- Claudia Peffer (Basketball): Gold mat senger Ekipp

- Danièle Jankowoy (Dëschtennis): Gold am Double (Unified Partner) a Sëlwer am Eenzel

- Pit Theis (Dëschtennis): 4. Plaz

- Ryan Vittorelli (Liichtathletik): Gold op 200 m a Bronze an der Mixed-Staffel op 4x100 m

Mir sinn immens houfreg op si a gratuléieren hinne ganz häerzlech!