Entdeckt d'Impact Story vu Yolande Coop!


”Eis Missioun bei der Yolande Coop ass et, eise betreite Mataarbechter e Métier bäizebréngen, si an der Entwécklung vun hire Kompetenzen ze ënnerstëtzen an hinnen et ze erméiglechen, sou autonom wéi méiglech ze schaffen.”

D’Société d'impact sociétal Yolande Coop (d’Ateliers d’inclusion professionnelle vun Elisabeth) dréit mat Stolz de Label "IMPACT LUXEMBOURG". Dëse Label gëtt un Entreprisë verginn, déi sech aktiv fir eng gläich Behandlung vun de Mënschen an eng sozial Integratioun asetzen.

Entdeckt der Yolande Coop hir Aarbecht am Reportage vun IMPACT LUXEMBOURG.