Generalversammlung

Generalversammlung

Den Edmond Faber ass neie President vun der Amicale Hinzert

Lëtzebuerg. Viru kurzem haten sech d’Membere vun der Amicale des Anciens de Hinzert no där laanger Pademiezäit erëmgesinn. D’Amicale denkt ëmmer am Abrëll un hir Verstuerwen. Et ass déi Zäit wou 1945 am Mäerz an Abrëll, d’Lager zu Hinzert an Etappen evakuéiert gouf a vill Häftlingen no Osten gedriwwe gouwen. Beim Hinzerterkräiz hunn d’Nokommen vun de Kz’ler a Gedenken un d’Hinzerter Blummen néiergeluegt mat der musikalischer Begleedung vum Edmond Faber mat dem Lidd „Alle Lëtzebuerger mir gedenken déi der klenger Heemecht woren trei“. Durno huet de Generalvikar an Aumônier vun der Amicale, de Patrick Müller d’Gedenkmass an der Glaciskapell zelëbréiert, begleed vum Emsiedlerchouer.

No dem Mëttegiessen war dunn d’Generalversammlung mat engem gutt gefëllte Programm. No der kuerzer Usprooch vum President ff gouwen den Aktivitéitsbericht an de Keessbericht ugeholl. Véier nei Memberen, Maggy Berckes, Mélanie Noesen, Lucien Renckens a Kevin Schoos gouwen an de Komité opgehollt.

D’Presidentin Anny Brück hat am Hierscht d‘letzt Joer aus gesondheetliche Grënn demissionéiert. Esou wéi d’Statuten et virgesinn, huet d’Generalversammlung dunn ee neie President gewielt an der Persoun vum Edmond Faber. Op Virschlag vum neie President gouf d’Anny Brück durch d’Generalversammlung zur Éirepresidentin ernannt a krut e puer Deeg derno hiren Diplôme zu Barteng am Parc du 3e Age iwwerreecht.

D’Amicale huet dunn och déi nei Direktesch vum Dokumentatiounszenter zu Hinzert, d’Mme Dr. Sabine Arend begréisse kënnen an huet der Virgängerin, der Mme Dr. Beate Welter Merci gesot fir vill gutt a laang Aarbecht an nach vill gesond Joeren an der Pensioun gewënscht. Amicale Hinzert via Mywort