Generalversammlung bei der Amicale des Anciens du C.A. SPORA

De 25 Januar hat d'Amicale des Anciens du C.A. SPORA hir Memberen op eng Generalversammlung an d'Buvette vum Stade Josy Barthel invitéiert. De President Marc Heiderscheid deelt dem Public mat dass hien a nach 3 Memberen aus Altersgrënn hiert Mandat zur fir méi eng jonk Generatioun zur Verfügung stellen. Bei den uschléissenden Neiwalen vum Comité si folgend fréier Spiller vum C.A. SPORA an de Comité gewielt ginn: De Jean Fiedler als neie President, de John Stammet als Sekretär an Tresorier, den Roger Medernach zoustänneg fir Medien a Publikatiounen, an déi Hären Victor Brandenburger, José Mousel, Gerard Urbing, Paul Sauber, Helder Gomez, Eric Schiavo, Henri Hoffmann, Luc Petry a Raymond Decker. Den 3 austriedenden Memberen, dorënner de President Marc Heiderscheid, kruten vum neie President eng Reproduktioun vum Jean Jacoby sengem Bild mam Thema Football iwwerreecht. Als Ofschloss huet de neie President Jean Fiedler d'Versammlung op e Glas Cremant invitéiert.

Weitere Neuigkeiten von John Stammet >