Neies vun der Amicale des Anciens du C.A. SPORA

Eise Präsident Jean Fiedler hat sech ugangs des Joers op d'Sich nom Fändel gemaach a mat Hëllef vum Henri Bressler a Pascal Groben hunn si en an dem Fundus vun der Coque erëm fonnt. Mir kruten de Fändel als Leihgab vum Ministère des Sports zur Verfügung gestallt. Am Comité hu mir dunn decidéiert dass de Fändel néierens besser opgehuewen ass an an Éiere gehale gëtt wéi beim Léon Letsch.

E grousse Merci un de Ministère des Sports, dem Pascal Groben an dem Henri Bressler.