Kommt a schafft mat am Comité Alstad ! Intresséiert ? ...

Am Joer 1937 gouf de Comité Alstad an d’Liewe geruff. De Comité Alstad hat awer ni eng fest Bleif. Eng Réunioun gouf deemols vum Georges Schmitt aberuff. Hien huet jidderengem ugeruff, a si hunn sech den Dag drop am Café “Ënnert de Steiler” getraff fir hir Réunioun.


1981 huet eng méi jonk Equipe de Comité Alstad iwwerholl an zwee Joer méi spéit, konnte mir op der N° 1 um Boulevard Royal, de 16. Dezember 1983 den éischte Sëtz vum Comité Alstad ageweiht ginn an do wore mer bis 1993, wéi d’Stad Lëtzebuerg d’Haus verkaaf huet, an de Comité Alstad hat ërem op en neits keen Heem.


Mat der Hëllef vum deemolege Kulturminister Robert Krieps si mer 1994 op N°1 an d’Logegaass geplënnert an d’Konschthaus „Beim Engel“ wou mir bis 2018 ënner Daach woren. Wéi d’Stad Lëtzebuerg dat fréiert Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel restauréiert hat, si mir dou zesumme mat den Amis des Musées, dem Cercle Artistique de Luxembourg, der Chorale St. Michel an der Confrérie St-Michel dou 2018 agezunn.


Mir sichen dauernd no neien aktiven Memberen, déi Freed hun un der Alstad, hierer Geschicht an hieren Traditiounen. Mir géifen ons vill freeën, wa mir Leit mat neien Iddeeen, déi och gewëllt sin aktiv matzeschaffen.


Mir wäre frou iech an onser Mött Wëllkomm ze heeschen. Sidd dir intresséiert, da kontaktéiert w. e. g. onst Sekretariat : Comité Alstad, 14, Siegfridstrooss, L-2536 Lëtzebuerg, Tel. : 466188, Email : comite.alstad@pt.lu, Web : www.comitealstad.lu.


Niewt onsen periodeschen Aktivitéiten, treffe mir ons normaler Weis all 2. Mëttwoch am Mount ëm halwer 7 an onsem neie Sëtz, 14 rue Sigefroi an der Stad (fréiert Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel, vis-à-vis vum Staatsroot-Gebäi um Fëschmaart).