KRICH an der UKRAIN:
Ronndëschgespréich mam Europadeputéierten Charel Goerens, mam Auslandsjournalist Petz Bartz a mat Schüler aus dem LGL
Dräi Wochen nom Ufank vum Krich an der Ukrain, haten d’Enseignanten aus dem Departement Philosophie a Vie et société vum LGL den Här Charel Goerens an den Här Petz Bartz invitéiert, fir mat Schüler aus verschiddene Klassen un engem Ronndëschgespréich deelzehuelen. Säit Enn Februar hu si gemierkt, wéi wichteg et ass, op de Schüler hir Froen iwwert de Krich an Europa anzegoen, si richteg z’informéieren an hir Suergen an Ängschten eescht ze huelen. Den Europadeputéierte Charel Goerens an de Journalist Petz Bartz sinn op all de Schüler hir Froe agaangen an hunn hinnen déi momentan komplex a schwiereg Situatioun erkläert.
Vill Theeme sinn heibäi diskutéiert ginn: Wéi et zum Krich an der Ukrain koum, d’problematesch Lag vun den Nopeschlänner vun der Ukrain a vu Russland, d’Sanctiounen - realistesch oder eng Illusioun?, d’Roll vun Europa an der NATO, d’Angscht vum Putin virun der Demokratie, d’Situatioun vun de Flüchtlingen elo an an der Zukunft, d’Ernärungskris, déi net méi opzehalen ass an d’Folge vum Krich fir Lëtzebuerg, Europa an d’Welt.
Dëst Gespréich huet de Schüler vill nei Denkustéiss ginn an hinne ganz sécher gehollef, besser mat der Situatioun vum Krich an Europa eens ze ginn.