Sine musica nulla vita

Sine musica nulla vita

Ouni Musek kee Liewen!

Wéi wichteg d’Musek fir eis all, an zumools fir e Chouer ass, hu mir déi lescht 15 Méint gemierkt, wéi et geheescht huet: „Dir däerft net méi all zesumme sangen!“

Mat deem flotte Kanon Sine musica nulla vita huet de Chouer vun der Uni Lëtzebuerg e klenge Fréijoersconcert a verschiddene Foyere vun der Fondatioun Kräizbierg an am Institut St.Joseph vu Betzder offréiert. Wéi och scho Chrëschtdag, sinn d’Sänger*innen mat vill Begeeschterung empfaang ginn. Um Programm stounge lëtzebuergesch Lidder wéi d’Margréitchen, Wat d’Heemecht ass an En Owend op der Musel. An natierlech hunn e puer Nolauschterer*innen sech et net huele gelooss, fir matzesangen. Mee och déi wonnerschéi Mozartlidder an zum Schluss e bekannt Drénklidd hunn d’Awunner*innen an hiert Fleegepersonal begeeschtert.

Trotz eiser grousser Freed erëm zesummen ze sangen, hate mir all zum Schluss eng Tréin am Knäpplach: et war dem Julia Pruy, Dirigentin säit den Unichouer viru 15 Joer gegrënnt gouf, hire leschte Concert. Si gëtt ersat duerch den Tom Gareau, dee scho säit e puer Joer eise „Vocal coach“ ass. Esou kann de Chouer, trotz schwireger Zäit, an eng optimistesch Zukunft kucken : e Liewe mat Musek a Gesank.

Weider Informatiounen iwwert den Unichouer fannt Dir op unichoir.lu.