Lidd vum Tram

Den Tram op der Stäreplaz 2018 an d'Stäreplaz méi wéi 50 Joer vierdrun !

Dat ass schonns ee Liddche wäert... oder ?


Deen neien Tram ! Wierder : Jean Kandel / Weis : Josy Meisch


1.- Lo fiert vun dem Kierchbiereg een neien Tram erof,

Duerfir gouwe mir zwee Joer laang, mat Chantierën bestroft !

Hien as elo op Schinnen, nu stellt iech dat emol vier :

Vru fofzeg Jor eraus gerappt, elo mussen däer erëm hier !

Dat kann dach wuel kee Mënsch verston, hunn déi da kee Gehier ?

Jo dat ass den Tram! Wuer fiert hin den Tram ? Dat ass déi Fro déi dir iech stellt !

Wuer geet dat nach hin? Wat soll dat nach ginn? Huet et dann elo geschellt?


2.- Fier d’éischt musst d’Päerd dru gleewen, dat woar nach eng schéin Zäit !

Wou Päerdsäppel op Gleiser loug‘n, do woar de Spatz net wäit !

No dräiandrësseg Joer hunn dPäerd d’Pensioun du kritt !

An t‘gouf aus eisem Päerdstram, een „Tramway-Elektrik“ !

Wat hu mir eis gewonnert dun ! Dee woar nawell ganz chic !

Jo deen Tram wor nei, deen wor ganz rapid an en wor och nach chic, chic, chic!

An dee mouch och nach Bim-bam-bim-ba-lam Bim-bam-ba-lim bim bim !


3.- Mam neien Tram, t’ass sécher, kënnt muenches op äis duer !

Wie gëtt dann elo de Wattman hei, wéi gëtt dat Spill gefuer ?

Wann een zéit un der Bimmel, bleift dann den Trämmche ston ?

A gëtt et fir ze drénken an ze baffen och ee Won ?

A wann et mir net passt, sot mol, wou kann ech mech beklon ?

Jo deen Tram ass nei, deen ass ganz rapid an en ass och nach chic, chic, chic!

Ma dee mécht net méi Bim-bam-bim-ba-lam Bim-bam-ba-lim bim bim !


4.- Hei gëtt et keng Probleemer, de Bausch huet s‘all geléist !

D’Natuer bleift vill méi proper esou, déi Gréng hunn dat begréisst !

An de Finanzminister, dee kuckt ganz streng dohin !

Hie sot: „ Passt op ! wie schwaarz fiert, setzen ech glad an de Bing !

Nu lues dir Häeren, sot emol, dann zielt emol bis zéng !

Jo deen Tram ass nei, deen ass ganz rapid an en ass och nach chic, chic, chic!

Ma dee mécht net méi Bim-bam-bim-ba-lam Bim-bam-ba-lim bim bim !

Oder Reien 6 + 7:


Bimbambimbalam Bimbambimbalam bimbambalim bam bim bim bim !

Bimbambimbalam Bimbambimbalam bimbambalim bim bim !