"LËTZEBUERGER LIDDER DÄERFEN NET VERLUER GOEN !“ Ee Kulturschaz deen ëmmer méi erëm gesicht an archivéiert gëtt, vum Land, Gemengen, Veräiner ma och vu Privatleit fir Familgen-erliewnësser, musse mir nei opliewen loossen. Traditiounen a Bräicher woaren an de 50er Joren nach héich am Kurs. Liichtmesdag mam Lidd „Léiwer Häergotts Bliesschen“ an „Ech sinn dee klenge Kinék“ hu mir bei all Haus vu vier bis zum Enn gesongen. Nom Klibberen (mat der „Kiep“, der „Jarr“ oder dem „Himmerchen“) woar „d’Ouschtereeërophiewen“ um Programm an do gouf dann den „Dick dick dak, muer ass Ouschterdag“ aus voller Broscht duerch d’Gaasse gesongen. Gesank ass awer scho seit jéngstem Alter mäin Alldag. Knapps dat ee schwätze konnt, hu mir alles mat gesongen, wat de Papp an d’Monniën gesongen hunn, ma och ass kee Familljefest ouni Gesank ofgeschloss ginn. Ee groussen Deel vun deene Lidder woren a kenge Bicher an et huet een se vu Mond zu Ouer geléiert. Schon deemools hat ech ee Fimmel fir déi Lidder a well et der esou vill woaren hun ech dun d’Wierder opgeschriwwen. Dobäi koume jo och nach déi, déi een op Placken ze kafe krut, wann och rar, ma ëmmerhin. Ech hu se dunn propper an ee klengt Notizheft geschriwwen dat ech ëmmer bei mir hat, bei Ausflig oder Campinger an hunn et bis haut versuergt. Ech woar och ni ze schei fir emol dat eent oder anert vierzedroen. „Tubaksballade“ - „den Décken Heng“ - „d’Anekättchen“ - „de Stoussnéckel“, an nach esellechen anerer, eent méi flott a lëschteg wéi dat anert.
Esou gëtt all Lêtzebuerger Lidd archivéiert, an och nees opliewe gelooss, eng grous Beräicherung fir eise Kulturpatrimoine. Dee lëtzebuerger Lidder Interessi hunn ech och iwwerall agesat, net nëmmen a Veräiner, ma och op Aarbechtsplazen mam Personal. Seit ech pensionnéiert sinn, hunn ech mech méi intensiv mat dem Archiv vu Lëtzebuerger Lidder ofginn. Bis haut hunn ech zirka 4900 Lidder Partituren a mengem Archiv zesummegedroen. Eemol am Mount si mir am Clubhaus "am Becheler" zu Bereldéng, eng 20 Sänger-innen zesummen a sange Lëtzebuerger Lidder, wéi "Dicksiana" ee Potpourri vun 10 Dicks-Lidder déi de Gust Kahnt an ee ganzt Wierk zesummegesat huet an nach vill anerer. Ma och, ettlech Joer, Lëtzebuerger Muttergotteslidder an der Octavmass fir déi "Härzopperéiert" an Lëtzebuerger Chrëschtlidder op der Adventsfeier am "Becheler" an eselleche Concerten an CIPAën uechtert d’Land. Leider awer koum duerno eng Paus wéint der Corona-Plo Nom Leedwuert: "Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen" sichen ech däer och weider. Wëllt Dir eppes iwwer eis schéin al Lidder wëssen oder sicht Dir däer, da meld iech, och fir meng Bicher : jeankandel@pt.lu oder : 621 665 212