Sangen mécht glécklech a frou duerfir . . .

. . . Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... De Kultur schatz vum lëtzebuergeschen Lidd gëtt ëmmer méi wichteg, awer leider och méi rar. Och kënne Lëtzebuerger Lidder derzou bäidroen eis Sprooch op méi
eng lieweg a lëschteg Aart a Weis ze léieren. Et ass net nëmmen den Text
vum Lidd mat all senge Strofen ma et kann een och de Sënn bespriechen,
wou et hier kënnt, bei wéi enger Geleeënheet et entstanen ass. Eis Kultur
a Liewensgewunnechten vu gëschter an haut ginn iwwer Lidder vermëttelt;
ausserdeem bewierken an erreeche mir mat Lidder villes "zesummen, mat
aneren Natiounen".
Sangen, besonnesch zesumme sangen, vermëttelt Gesellegkeet, Freed , Zefriddenheet an ass eng Gesondheetstherapie fir Senioren.
Wa mir awer bedenken wéi vill Lëtzebuergesch Lidder geschriwwen a
komponéiert goufen, da kann een nëmme staunen a sech froen op dat dann
elo alles "aalt Eisen" ass an net méi an eis Zäit passt. Beim Dicks
ugefaangen iwwer Lentz, Goergen, Pierret, Reuland, Sevenig a vill
anerer, déi herrlech Gedichter an Theaterstécker geschriwwen hunn, déi
vun Albrecht, Kahnt, Menager, Zinnen an e sëllechen aner Komponisten
vertount goufen. Dat sinn en puer Nimm vun enger laanger Lëscht vun
Dichter, Théaterschreiwer a Komponisten déi eng helle Wull flott
Lidder an Operette geliwwert hunn. D'Auswiel u Lëtzebuerger Lidder ass
vill méi grouss wéi mir mengen. Vill dovun, besonnesch méi Regional-
oder fir speziell Uläss komponéiert Wierker, oft handgeschriwwen, déi
net an den traditionelle Bicher estgehale goufen, ginn esou reegelrecht
ënner.
Iwwer eis Stad, besonnesch d'Alstad gëtt et jo eng grouss Auswiel u
Lidder. Am Lidder-Archiv sinn ëm 5000 Lëtzebuerger Lidder mat Weis a Wierder fest gehale, an dat sinn se nach laang net all !
Et leien der nach vill op Späicheren a Këschten. Wann dir emol Lidderpartituren, -Hefter a –Bicher doheem huet, oder wësst wou der sinn, dann ass nach Zäit se bei mir arschivéieren ze loossen. Och an engem schlechten Zoustand sinn se nach ze retten. A wann Dir eent sicht, da fannd Dir et warscheinlech a mengem Archiv. Frot emol: jeankandel@pt.lu