Nidderaanven rockt d’Philharmonie Lëtzebuerg

Concert vum 24. Februar 2024

Ëmmer nach jonk an Häerz a Geescht, huet d'Chorale Sainte-Cécile vun Hueschtert elo 150 Käerzen ausgeblosen. Fir dësen Anniversaire ze feieren, huet si déi zwou aner Choralle vun der Gemeng Nidderaanwen, Jubilate Musica a Concordia The Voices invitéiert, fir zesummen hir Freed um Gesang an alle Genren auszedrécken. 

Virun der Paus hat jidderee Beispiller aus dem eegene Repertoire virgestallt, duerno hunn déi dräi Chéier hir Stëmme vereenegt fir zesummen ze sangen. A si hunn de Raum vibréieren dinn! Trotz dräi ganz verschiddene Stiler hunn si dem Public gewisen, datt d'Musek d'Leit zesumme bréngt a keng Grenzen oder Limite kennt. De Public, deen a grousser Zuel komm ass, huet dat verstanen an huet begeeschtert op de Concert reagéiert.

E grousse Merci un d’Philharmonie, déi et erlaabt huet, dësen eenzegaartege Projet op d'Been ze stellen. E Merci och un d'Gemeng Nidderaanwen fir hir logistesch Ënnerstëtzung an hir Hëllef bei der Publicitéit. E ganz grousse Merci un déi 3 Chouerdirigente fir hier Gedold a Kompetenz, a schliisslech e grousse Merci un all Sänger(innen) an un d’Musiker fir hir Begeeschterung an Energie, fir dëse Concert zu engem onvergiesslechen Erliefnes ze maachen!