Flotten Optrëtt vun der Chorale Mixte vum Conservatoire aus der Stad Lëtzebuerg

Am Kader vun de Feierlechkeete fir hiren 150.Gebuertsdag huet d'Chorale Sainte Cécile vun Hueschtert d'Chorale Mixte vum Conservatoire aus der Stad Lëtzebuerg agelueden, fir hire spirituelle Concert vum zäitgenësseschen amerikanesche Komponist John Leavitt virzestellen. D'Publikum war a grousser Zuel e Sonndeg, de 25.Juni an d' Kierch op Hueschtert komm a war begeeschtert. Och de Vize-Ambassadeur vun den USA a säi Partner, souwéi de President vun der Chorale Marc Angel, de Buergermeeschter vun Nidderaanwen a vill Membere vum Gemengerot, de Paschtouer an Dirigenten vun anere Chorallen ware present. E standing ovation gouf et fir d'Chorale an Toppform ënnert der Leedung vum Marc Dostert a begleet vun der Pianistin Laetitia Urhausen. Besonnesch d'Messa festiva an déi dräi Gebieder op Hebräesch ware beandrockend. E Patt nom Concert huet de Sänger vun deenen zwou Chorallen et erlaabt, sech besser kennenzeléieren. E ganz flotten Owend!


Fotoen: Jan Inghelram