Och d'46. Journée e Festdag

S‘ass all Joer datselwecht, mä langweileg gëtt se net, a sträiche wëllt scho guer kee se, d’Journée vun der 1979 gegrënnten Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg. Datselwecht, am duebele Sënn vum Wuert: D‘Erënnerungen un dacks ustrengend, trotzdeem zesumme gelieft schéin Aerbechtsjoren engersäits an d’Undenken un d‘Sankt-Paulus-Dréckerei an all hire ville Betriebsabteilungen anerersäits bidde jo sou vill fir sech z’erzielen, se géife labber eng „Wort“-Sonnernummer fëllen. Dat war och dëst Joer bei der 46. Journée de leschte September-Freideg esou, zu deer de President Jean-Paul Schneider 38 Membere begréisse konnt. D‘Kichen an den Zerwiss vum Restaurant Delicious zu Éiter hunn op héigem Niveau derzou bäigedro, datt och dëst Zesummesinn e Festdag gouf.