Ofschloss vum WANDER-SUMMER 2023

De WANDER-SUMMER 2023 ass Geschicht ! Eng Mass vu Wander-Organisatiounen, 65 un der Zuel, alles an engem Mount, vum 15. Juli bis den 15. August 2023 an dat mat ganz ville Participanten.

Genee 6.044 Wanderer hate vill Freed un der Offer déi vun de Veräiner aus der FLMP, grad wéi vun der FLMP selwer,  ugebuede gouf !

De WANDER-SUMMER – an d’Liewe geruff fir de Wandersport zu Lëtzebuerg ze presentéieren, op de Wandersport opmierksam ze maachen, ze weisen dass et net nëmme Wanderweeër ginn zu Lëtzebuerg, mee och eng Wanderkultur, vill gutt Wanderveräiner mat villen engagéierte Benevoller, Wanderer a Wanderinne vun all Alter, ze weisen, dass bei enger Publicitéit fir Lëtzebuerg als Wanderland eigentlech kee Wee dierft laanscht d’FLMP an hier Veräiner féieren.

De WANDER-SUMMER war awer och geduecht fir den traditionellen IVV-Motor erëm richteg un d’Rullen ze bréngen.. d‘wanderen ze weise bei de villen Neie Leit déi d‘Wandere wärend der Pandemie entdeckt hun, ze weise bei de Wanderer déi wärend der Pandemie d’Loscht un Aktivitéiten, Fräizäitaktivitéiten, gemeinschaftlechen Aktivitéite verluer hunn…

De Slogan vun dësem WANDER-SUMMER war : Komm, Mir wandere ronderëm d’Welt – och dëse Slogan soll net nëmmen eng Kilometermotivatioun sinn, mee och weisen dass wanderen allgéigewäerteg ass, iwwerall op der Welt kann a gëtt gewandert, jo et kënnt een sech tatsächlech d’Welt erwanderen,,, an dass jiddereen dee wandert sech och nach eppes Guddes deet, gesondheetlech a sengem Geescht, dat as méi wéi en exzellenten Nieweprodukt.

Mat 67.553 km hu mer dësen Objektiv méi wéi erreecht !

En Ziel wat och erreecht ginn ass, wat awer näischt mat Chifferen ze dinn huet – war, dass vill vun de Memberen sech duerch de WANDER-SUMMER mol richteg kenne geleiert hunn, sou ass de soziale Geescht vum Wander-Summer sécher de gréisste Gewënner !  

An dësem WANDER-SUMMER-Mount gouf als Wandercommunauté, all Facette vum Kënne gezunn, gouf gewise wat mer hunn vu Wanderweeër, aus dem Minett iwwer d’Stad, an den Osten an de Weste bis an d‘heicht Éislek, vu Wanderunge mat Guides-Touristiques, mat Begleedung, mat traditionellen IVV-Wanderungen , och mol zu ganz aneren Zäiten, mat Zuch a Busfaarten, vu Wanderungen iwwer de Märchewee fir Kanner, iwwer Yuppi-Wanderungen, vu Sonnenopgank-bis Sonnenënnergang Wanderungen, jo souguer Vollmoundwanderungen, enger Pompjees-Wanderung,  vu Wanderungen op CFL Weeër, um Mëllerdall Trail, um Minett Trail, um Kaydall-Cup, vu 4km Wanderunge bis en Trail vu 50km, a fir déi éischte Kéier goufe souguer iwwer bis ewell bekannten Organisatiounen eraus ugebuede mat „Aquawalking“ an „Danz an der Vakanz“, och dëst mat groussem Succès, vill Spaass a Freed ! 

An dësem Mount, an dësem Joer 2023, huet  Wanderen sech etabléiert als eng ALLWETTER-SPORTART, huet Reen, Stuerm, Hëtzt getrotzt, an sech als eng SOZIAL SPORTAART- als eng KULTUR-SPORTAART – als eng gemeinschaftlech – oppe kollektiv Sportaart etabléiert gewisen.