Petanque Turneier fir e gudden Zweck.

Viru kuerzer Zäit konnten di Responsabel vun der International Police Associatioun Sektioun Lëtzebuerg an hiren Büro Raimlechkeeten der Associatioun "Kanner Wonsch" A.S.B.L .e Scheck an Héicht  vun 1000 Euro iwwerräichen. Den Don setzt sech zesummen aus dem Erléis vun engem Petanque Turnéier . Den Erléis gouf  dunn vun der IPA op 1000 Euro erhéicht.   De Vizepresident huet Zieler vun der IPA virgestallt wo hien op Wichtegkeet vun den sozialen Aspekter vun senger Associatioun higewisen huet.

Madamm Joelle FALTZ vun der Organisatioun Kanner Wonsch huet interessant Erklärungen iwwert hir Organisatioun ginn,  déi schwéierkranken Kanner e laang erseenten  Wonsch ze erfëllen.  Si huet speziell der IPA awer och dem  Organisateur vum Petanque Turnéier Patrick Majerus e grousse Merci gesot fir den generéisen Don an Ënnerstëtzung. Bei enger flotter Diskussioun ass och op eng Zesummenaarbecht mat den auslänneschen Sektiounen vun de IPA higewisen ginn,  wou IPA kennt virunhëllefen.

Eugene Thommes via mywort.lu