Scheckiwwerreechung

IPA Sektioun Letzebuerg ass mat engem Chrëschtdagscadeau am Gepäck bei den Foyer Pietert op Greiwemaacher gefuer

No dem groussen Succès vum Petanque Turneier am Juli 2022 Joer konnt IPA 1 Scheck vun 1500 Euro un de "Foyer Pietert" iwwerreechen.

Dem Organisateur vum Tournoi, dem Patrick Majerus e groussen Merci gesot fir säin Engagement fir Organisatioun vun sou engem Evenement. IPA war och mat enger Ekipp vertrueden, awer et huet e bësselchen un Training gefeelt.

Zum Schluss ass Manifestatioun praktesch an Wasser gefall awer de Patrick hat direkt eng Solutioun parat fir dass Kompetitioun konnt weiderlafen.

Et waren richteg Profien vum Petanque um Wierk awer och Amateuren hunn hiert bescht ginn. Un der flotter Ambiance huet et op jidder Fall net gefeelt.

Sou konnt de Patrick Majerus de Boni vu ronn 1000 Euro iwwerginn. De Comité vun der IPA huet selbstverständlech och eppes drop geluecht sodass mir e Scheck vun 1500 Euro konnten iwwerreechen.

An enger klenger flotter sympathescher Feier an gediegener Ambiance konnt dann de Scheck der Präsidentin Marion Huss vun der "Amicale Foyer Pietert" Iwwerrescht ginn.

Op Grond vun den Corona Restriktiounen huet sech alles dobaussen bei enger gewëssener Keelt zougedroen awer Organisatoren haten sech sech do net huelen gelooss an fir höetzesch Gedrénks zerveiert. .

Schued dass nëmmen e puer Bewunner vum Foyer konnten un der Scheckiwwerreechung deel huelen. Marion Huss a Meedchen aus dem Pietert an der Funktioun vun der Presidentin vun der Amicale huet a Präsenz vun den Invitéen "Amicale Foyer Pietert" virgestallt. Och war hier freier Virgängerin Muschi Silbereisen präsent. Marion huet villmools Merci gesot fir den léiwen Geste. All Don ass wëllkomm an di Suen géifen ganz sënnvoll am Haus agesat ginn. Präsidentin huet houfreg hiert Haus mat hiren Bewunner virgestallt.

De Vertrieder vun der IPA och als aalen Pieterter Jong zesummen mat dem Jean-Paul Speidel a Romain Immer huet IPA virgestallt. Dobäi ass bemierkt ginn dass IPA sozial dëst Joer schonns am Rahmen vun der Ukraine Hëllef ganz aktiv war. IPA steet fir eng gutt Saach. Der Amicale Foyer Pietert mat all sengen Memberen ass Merci gesot ginn dass si sech sou benevole asetzen fir di behënnert Matmënschen. Versprach ass och ginn dass nach villäicht eppes spezielles könnt organiséiert ginn.

Bemierkt ass och ginn dass IPA eng ganz gutt Relatioun mat dem Foyer Kräizbierg huet. Och dös Institutioun geet ënnerstëtzt well "IPA News" geet do jo bekanntlech gedréckt. Comite IPA