Schéin Traditioune liewe laang


43. Journée vun der Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg

Schéin Traditioune liewe laang. Sou emol seet et d’Spraachwuurt. Dat gëllt och fir d’Journée des Anciens, op déi de Comité vun der Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg seng Memberen och dëst Joer invitéiert hat. Et war schonn d‘dräiavéierzegt, wéi schon d’lescht Joer am Restaurant-Brasserie Poiré um Sennengerbierg. De President Jean-Paul Schneider konnt 40 Gäscht wëllkomm heeschen. Zanter der leschter Journée wier d’Welt nach méi onroueg gi wéi s et scho virun zwielef Méint gewiescht wier, huet de Riedner kuerz zréckgekuckt. No verschidden aneren Iwwerleeungen huet hien de laangjärege Member Fränz Mouris stellvertriedend fir all verstuerwe Memberen an Erënnerung geruff, den 90-Järegen hat sech virun enger Woch op säi Wee an d’Éiwegkeet gemeet. Ee Liichtbléck géif sech ukënnegen, soot de President um Enn, nämlech den zanter puer Joer ënnerbrachene Kontakt zu der Direktioun vu Mediahuis, dem Nofollger-Verlagshaus vu Saint-Paul, kéint geschwënn erëm hiergestallt ginn – wat vun en all begréisst ginn ass ... – Ronn fënnef Stonne gouf du beim Mëttesdësch d’Aktualitéit kommentéiert, virun allem ower sou munnech Erënnerung aus den zesumme verbruechtenen Aerbechtsjoren erëm opliewe gelooss. – D’traditionnell Gruppefoto (vum Tessy Hansen) huet d’Journée ofgeronnt.

Henri Leyder