WANDER-SUMMER 2023

Déi éischt Hallschent vum WANDER-SUMMER 2023 ass gepackt a mir sinn immens gutt op eisem Wee ronderëm d'Welt !
Mat 2.467 Wanderer hu mer schonn 26.824 Kilometer zesummen erwandert, dat sin bei 50 % vum Wander-Summer awer schonn 67 % vun eisem Objektiv !

Den Ufank hu mer zesumme gerockt a bei allem wat elo nach ugebuede gëtt vun eise Veräiner gëtt et esou faarweg wei en Reebou op engem Einhorn ! Dat kann een sech net entgoe loossen : Eis Wanderweeër sinn d’ Ziel an d’ Schéinheet déi een an der Natur entdeckt bleift engem ëmmer erhalen. Dofir net vergiessen : Keen Dag ouni Wanderen !


Eis Organisatiounen nach bis de 15.August wou eis Ofschlossparty an der Robbesscheier staffennt, fannt dir op www.FLMP.LU