Partystëmmung am Café beim Pedro zu Meechtem

E Freiden, 30. Januar war beim Pedro am Café La Grotta eppes méi lass. Déi Meechtemer hun eng flott Initiatv ergraff a fir deen Owend eng Oart Hausbaal op d'Been gesaat. D'Zil war et, fir d'Leit aus der Ortschaft an aus der Emgéijend erem méi zesummen ze bréngen an erem richtech Liewen an de Café ze kréien. Fir d'musikalesch Stëmmung huet de beschtbekannte Pianist Amadeo gesuergt. Déi Meechtemer woaren sech eens : esou flott Owender mussen der nach méi organiséiert gin ! Café La Grotta (beim Pedro) 14, rue de l'Eglise, Machtum, T. 26 74 58 59.