« Becheler Sänger » zanter 15 Joer

Den 22 Oktober 2008 huet alles ugefaangen. Wéi ech am Juni am Clubhaus „Am Becheler“ op engem Ausstellungs-Vernissage mat der Madame Frising geschwat hun, a gefrot ob hei och eppes Musikalesches gebuede géif, huet si dat bedauert an esou ass dat monatlecht Sängerstrffen geplangt a verwierklecht ginn. Mat ufangs 24 Sängerinnen an 1 Sänger an ee Repertoire vun ëm déi 20 Lidder ass dat ganz gutt ukomm an esou huet dat ee gudden Ulaf geholl.

15 Joer, oder 12, well déi lescht 3 Joer äis de Corona een decke Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, hate mir 1x de Mount Prouf an esëllechen Optrëtter am Becheler, an a villen Seniorenheemer uechtert d’Land an zu Bierschbech am Blannenheem. Ma och d’Kopleschter-Lidd fir „Koplescht fréier an hot“ an d’Gebuertsdags-Lidd fir dem „Jean la Gaufre“ seng 130 Joer op der Fouer, déi och op Cd opgeholl sinn an „Den Nikela an d’Sippchen“ fir eng RTL-Sendung iwwer de Pir Kremer, hate vill Erfolleg.

Och 10 x Octavmass fir déi Häerzoperéiert, 1 Grawmass fir eise fréieren Dirigent an 2 Kiermesmassen ! (zu Wormer a Mamer)

Et gouwen och Radiosendungen iwwer de „Lëtzebuerger Lidder Archiv“ an de Gesank am Becheler: 100komma7 „Sot emol“ Dez. 2017 an 2021 mam J. Cl. Majérus / RTL Patrick Greis a Gerard Valérius 18 x / „Péiteng on air“ 2018 .

Konferenzen am Becheler iwwer „Lëtzebuerger Lidder“ an „d’Dynastie“!

Haut hu mir ee Lidder-Programm mat 50 Lidder + d’Buch „Eiser Lidder“ vun der A.L. Hoffentlech kënne mir am Januar 2024 erëm urappen !