Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen ! ! !

"LËTZEBUERGER LIDDER DÄERFEN NET VERLUER GOEN !“

Soll haut e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun. Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet, da musse mir meeschtens opginn! Duerfir hunn ech een Archiv opgebaut mat méi ewéi 4700 Lidder mat Wierder an Nouten an een Deel dovun publizéiert !

Duerfir dës Bicher!

„Een neit Buch mat ale Lidder „. . . Zwee Bänn ! Hei hunn ech elo emol e puer Lidder, mat éischter witzegem Character, zesummegedroen déi bis dato nach a kenge Bicher woaren an déi haut nach kaum ee kennt, ma déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet, mat vill Freed a Begeeschterung gesonge gi sinn. Dës Bicher sollen déi Lidder nees opliewe loossen déi, ech mierken et un der Nofro, ëmmer méi erëmgesicht ginn.

Een Drëtte Band ass elo nach derbäi komm mat eege Lidder a Gedichter !

Wann bei Iech fir dës Bicher Interessi entsteet, dann kënnt dir se bestellen fir 20 € (22€ mat Porto) pro Band iwwer :

jeankandel@pt.lu oder : 621 665 212

Dir kënnt och all Informatiounen iwer eisen Lëtzebuerger Lidderarchiv fannen zu Iechternach am Dënzelt vum 9. bis den 23. August niewt enger Aquarellbiller Austellung vum Josée Kandel-Kass.