CARE stellt sech den LJBM-Schüler vir

De Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hat d’Freed, den Här Frédéric Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg, op Besuch ze hunn. Den Här Haupert huet d’Hëllefsorganisatioun virgestallt an iwwert déi vill Projeten informéiert, déi vu CARE an d’Liewe geruff gi sinn. Esou huet d’Organisatioun beispillsweis Familljen nom Krich an der Ukrain an no den Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien mat Liewensmëttel, Hygiènesartikelen a psychescher Ënnerstëtzung gehollef. An engem zweeten Deel huet den Här Haupert d’Schüler vun den 3e Klasse motivéiert, um dayCARE deelzehuelen. Dës Initiativ erméiglecht et de Schüler, en Abléck vun engem Dag an eng Entreprise vun hirem Choix ze kréien. Op dësem Wee kënnen déi Jonk sech eng Iddi vun enger spezifescher Entreprise oder engem Beruff, deen si intresséiert, maachen an Erfarungen an der Beruffswelt sammelen. D’Entreprisen, an deenen d’Schüler sech fräiwëlleg engagéieren, maachen als Géigeleeschtung en Don u CARE.