Jo ee Lëtzebuerger Lidder Archiv mat iwwer 4000 Wierker, Wierder an Nouten, ass schonn ee bedeitenden Kulturschaz an dee wiisst nach ëmmer weider.
« Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen »
No deem Moto gëtt et ëmmer méi wichteg dat ze retten wat nach ze retten ass.
Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz erëm opliewen ze loossen an ze erhalen, an de Schoulen, an de Veräiner an der Gesellschaft, an der Famill !
Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz an interessant Geschicht
a sinn esou eng wäertvoll Hëllef an eise Schoulen an fir d'Lëtzebuerger Coursën.
Do geet et jo net nëmmen drëms ee Lidd ze sangen, ma och iwwer de Sënn,
wou et hier kënnt an d’Geschicht vum Lidd zesummen ze schwätzen.
Lëtzebuerger Lidder fënd een iwwer d’Land, seng Géigenden an Dierfer,
sou wuel wéi iwwer fréier Beruffer, Bräicher, Monumenter a bedeitend Leit,
iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner, Hobby a Sport, iwwer Iessen,
Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten an Reliéis Theemen
oder Kannerlidder, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter,.
Et gëtt an et geschitt jo näischt wouriwwer een net ee Lidd fanne géif fir ze sangen oder den Text ze liesen !
Duerfir nach ee grousse Merci un d'Actioun Lëtzebuergesch .