FC Mamer 32: Ovatioun fir den Opstieg an d’Éirepromotioun

D’Gemeng Mamer an déi lokal Sportskommissioun hunn dëser Deeg der 1.Equipe vum FC Mamer 32 fir hiren Opstieg an d’Éirepromotioun félicitéiert. Souveräin huet de lokale Club de Wee an déi 2.héchste Spillklass vum lëtzebuerger Futtball gepackt.

Wéi de President vun der Sportskommissioun, Jean-Marie Kerschenmeyer, ervirgestrach huet, waren et absenz déi 20 virescht Joren vun där iwwer 80-jähreger Veräinsgeschicht, wou sech den FC Mamer op sportlechem Plang an deenen ieweschten Divisiounen etabléiert huet. Biswell war den Héichpunkt den Opstieg an d’Nationaldivisioun an der Saison 2006-2007. Wat awer aus dem FC Mamer ee grousse Veräin mécht ass, sou de Jean-Marie Kerschenmeyer, wiren déi gutt Aarbecht an de villen Equipen am Jugendberäich.

Begeeschtert vun dem FC Mamer 32 senge Prestatiounen huet sech och de Buergermeeschter Gilles Roth gewisen, deen der 1.Equipe säi Respekt a seng Unerkeenung ausgedréckt huet. De Gilles Roth huet der 1.Equipe Courage a Bonne Chance gewënscht, fir sech an der Saison 2014/15 an der Éirepromotioun ze behaapten.

Musikalesch ënnermoolt gouf d’Ovatioun fir d’1. Equipe vum FC Mamer 32 an fir d’Dammenequipe vum Volleyball Mamer (Coupe-Gewënn) vun der Harmonie Gemeng Mamer.