Jo de "Speedmarathon", ma do gehéieren all Reegelen derzou !
A wouhinn dann elo ?
Dir stellt iech dacks déi Fro !
Wat ass dat fir eng Plo ?
Dat gëtt ëmmer méi schro !
D’Léisung ass de Winker,
Dir wësst jo : déi Blinker,
Déi un all Auto sinn,
Fir äis ze so’n wouhinn,
Dee vierdrunn wëllt fueren !
Dat kann’s du dir spueren !
Ganz vill denken net drun,
Oder soll’n se keen hunn !
Da wir’n se schéi geplot !
Da wäer dat hei ee Rot :
Kaaft iech eng nei Maschinn ,
Wou och Winker dru sinn !
Net blous fir schéin ze man ,
Ma schallt se ëmmen an,
Wann dir ëm d’Kéier fuert !
Vill Ierger ass gespuert ,
An dir laaft keng Gefor,
Dass dir bezuelt mat “Bor” ,
Eng Strof un d’Polizei !
Well d’ass net an der Rei :
De Winker ganz bewosst ,
Mol op der Säit gelooss !
Da sinn déi aner drunn ,
An t’ass dann drop an drunn ,
Dass déi fluchen wéi wëll !
Déi gi bestëmmt bal mëll !
Dat kann dach lo net sinn ,
Dass déi genervt hei ginn !
Da weess kee méi wouhin ,
Mat enger ros’ner Minn ,
Gëtt ferm op d’Brems gedréckt ,
A mat ebëssche Gléck ,
Rennt keen dir hannen drop !
Trotzdeeem ass dat net Top !
Ee Stau ass net méi wäit ,
An da gëtt et héich Zäit ,
Dass all Fuerer drop hällt :
“ De Winker ! Ier et schellt ! “