LJBM-Schüler bei der European Statistics Competition ausgezeechent

Véier Ekippen aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) hunn un der European Statistics Competition deelgeholl. Ënner 189 Teams konnten sech d’_ALGEBROS_ (Nathan, Misael an Damien vun der 2CB) déi exzellent 2. Plaz an hirer Alterskategorie sécheren an d'”Underworld Heroes” (Manon, Leila an Cyriaque vun der 3GA3D) hunn eng exzellent 3. Plaz an hirer Alterskategorie realiséiert. D’European Statistics Competition besteet engersäits aus engem Questionnaire iwwer Statistik-Exercicer an anerersäits aus engem Foto-Concours, wou et dëst Joer dorëm goung, d’Theema “Zukunft” ofzebilden an dobäi statistesch Donnéeën ze benotze respektiv auszewäerten. D'”Underworld Heroes” sinn an hirer Foto op d’Temperaturentwécklung an der Stad Lëtzebuerg agaange, wärend d’_ALGEBROS_ d’Entwécklung vum Mont-Blanc an der Vergaangenheet, haut an an Zukunft (generéiert duerch eng kënschtlech Intelligenz) duergestallt hunn. Béid Ekippen hu flott Präisser gewonnen hunn, an d’Foto vun _ALGEBROS_ wäert och an den nächste Wochen am Science Center ausgestallt sinn. Doriwwer eraus vertrieden _ALGEBROS_ Lëtzebuerg bei der europäescher Ronn vun der European Statistics Competition.