LJBM-Schüler beim Syndicat des Eaux du Sud

D’Bautechnikerschüler vun der 1TPGC1 aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) haten d’Geleeënheet, een Abléck an d’Waasserversuergung vum Syndicat des Eaux du Sud ze kréien. Vum Captéiere vun de Quellen iwwer d’Filterung, d’Pompelen, de Reservoir bis hin zur Verdeelung konnten d’Schüler de gesamte Prozess gesinn. Eng gutt Planung an eng zouverlässeg, héichmodern Technik erlaben et, all Haushalt vun net manner wéi 22 Gemengen aus dem Süden dagdeeglech genuch proppert Drénkwaasser an excellenter Qualitéit zur Verfügung ze stellen. Ee grousse Merci un d’SES an un den Här Luc Berens fir déi ganz interessant Visitt.