LJBM-Schüler besichen d'Kalbermillen op der Our

D’Klass 3CC aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) war op eng Sortie écologique op d’Kalbermillen am schéinen Ourdall. Hei gouf ënnert der Uleedung vum Frankie Thielen vun natur&ëmwelt de biologeschen Zoustand vun der Our ënnersicht, andeems d’Waasserdéiere gesammelt a bestëmmt goufen, fir de Saprobienindex (Güteklasse) vun der Our z’ermëttelen. Nomëttes sinn d’Schüler mat hiren Enseignanten op Iechternach an d’Friemholz gefuer, fir en Ekosystem vun engem alen naturnoen Eechebësch z’ënnersichen. Hei fënnt aktuell e Fuerschungsprojet vun der Natur- a Bëschverwaltung statt, wéi eng nohalteg Bëschgestioun zesummen mam Schutz vun der bedreete Bechsteinfliedermaus kann ausgesinn. Och sinn d’Schüler vill gewuer ginn iwwert d’Problematik vum Ofstierwe vun de Bëscher ënnert dem aktuelle Klimawandel a wéi eng Baamzorte besser ugepasst sinn, fir d’Bëscher fir d’Zukunft iwwert natierlech Verjéngung ze regeneréieren. LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”