LJBM-Schüler besichen hir Partnerschoul a Spuenien

Fir d’Schüler vun der COMED-Sektioun (Communication et médias) a vun der Optioun Spuenesch aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) huet den 2. Deel vum Schüleraustausch mat eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien, der „I.E.S Pedro Jiménez Montoya“, stattfonnt. Dësen Austausch gëtt am Kader vum „Erasmus+“-Programm vun der Europäescher Kommissioun finanziell ënnerstëtzt. Nodeems am Februar siwe spuenesch Schüler eng flott Woch zu Lëtzebuerg verbruecht haten, war et elo un de Lëtzebuerger Schüler, fir eng Woch an Andalusien däerfen ze verbréngen. Fir hir Spueneschkenntnisser ze verbesseren, hu si a Spuenien u verschiddene Workshops a Coursen deelgeholl. Donieft stoungen awer och kulturell Visitten an Ausflich an d’Natur um Programm, wéi z. B. ee spannenden Dagesausfluch op Granada mat enger Visitt vun der Alhambra oder en Ausfluch an d’Sierra de Baza. Eis Schüler haten eng onvergiesslech Woch, wou si vill nei Frëndschafte knäppe konnten, an un déi si nach laang wäerten zréckdenken.