Repair Café am LJBM

Am Mäerz hat am Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) eisen éischte “Repair Café” stattfonnt. Bei engem Repair Café geet et dorëms, futtis Objeten ze flécken a weiderzebenotzen, statt se ewechzegeheien. Sou droen d’Schüler zum Ëmweltschutz bäi, léieren nei Kompetenzen a léieren och aner Leit wéi an hirem normale Schoulalldag kennen. Ënnerstëtzung kruten d’Schüler vun erfuerene Membere vun der ASBL Repair Café Lëtzebuerg am Atelier Makerspace vum LJBM. Op dësem Dag si 16 Objete reparéiert ginn, een net ganz, an zwee konnte leider net gefléckt ginn – e ganz gutt Resultat! Well dës éischt Editioun e groussen Erfolleg war, fënnt den 10. Juli den nächste Repair Café an eisem Lycée statt.