Zwee LJBM-Schüler sinn Astronaut fir een Dag

D’Gewënner vum Concours “Astronaut for a day”, organiséiert vun der Luxembourg Space Agency, haten Enn September déi grouss Éier, un engem Zero-G-Fluch deelzehuelen. D’Participanten, dorënner mam Samuel Thommes an dem Misael Ramos zwee Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM), goufe vum Grand-Duc Henri, de Ministere Franz Fayot a Georges Engel souwéi vum Här Aschbacher (Direkter ESA – European Space Agency) an dem Här Serres (Direkter LSA – Luxembourg Space Agency) empfaangen. Duerno goung et op e Parabelfluch mat der “Air Zero G”, wärend deem kuerzzäiteg eng Situatioun vu Schwéierlosegkeet simuléiert gouf. Et goung bei dësem Event dorëm, Jugendlecher fir de Weltraum ze begeeschteren – fir de Misael an de Samuel war dëst bestëmmt en onvergiesslecht Erliefnes. E grousse Merci un d’LSA a jiddereen, deen dëst Event erméiglecht huet.