Guidéiert Tour um Confort-Wanderwee Réimech

02
Jul
2023
02 Jul

Guidéierten, gemittlechen Trëppeltour (4km) um Confort-Wanderwee zu Réimech mat kulinareschen Iwwerraschungen.


Trëppeltour a Begleedung vun engem Guide op dem néi ageweitem Confort-Wanderwee zu Réimech (Längt: 4 km, Niveau: liicht). De Wee ass fir jiddweree gëeegent, den sech méi Confort wënscht: Et gi keng Trapen oder schwéier Passagen.

De Guide begleet Iech fir d'éischt duerch de Park Brill an duerch déi kleng Gaasse vu Réimech an da laanscht d'Musel bis bei d'Caves St. Martin, wou Dir déi ënnerierdesch Kellere besicht. De Wee zeréck bei d'Tourist Info leeft och laanscht d'Musel.


Dauer vun der Tour: ca. 2,5 Stonnen

Start: 10.00 Auer op der Esplanade vis-à-vis vun der Tourist Info

Sproochen: LB/ DE/ FR


De guidéierten Tour ass gratis, d'Umeldung iwwert den Onlineticket ass obligatoresch.


Ticket buchen