SOLD OUT! Picknick am Wéngert

09
Jul
2023
09 Jul

Wanderung op der Traumschleife Manternacher Fiels mat Picknick am Wéngert.

Summerzäit ass Picknickzäit!

Mir packen äre Picknickkuerf mat loakle Spezialitéiten a Gedrénks. Dir gräift Är Léifsten a gitt op eng Wanderung iwwer d'Traumschleife Manternacher Fiels (9,6km). De Wee féiert duerch d'Wiesegäert an e Bësch voller Schluchten. Entdeckt e puer beandrockend Fielsformatiounen laanscht de Floss Sir. E Wéngert verstoppt sech matten am Bësch. En agreabelen an entspaanten Nomëtteg erwaart Iech do.

Wielt Är perséinlech Picknickbox am Viraus:

Picknick TERROIRPicknick VEGANPicknick KIDS

An all Picknickkuerf pro Persoun abegraff: Entrée-Haaptplat-Dessert, 1 Drauwejus, 1 Coupon fir Gedrénks, aléisbar um Gedrénksstand vum Syndicat d'Initiative Manternach. Zousätzlech Gedrénks kann op der Plaz kaaft ginn.


Weider Informatiounen:

Startpunkt vun der Wanderung am Centre nature et forêt A WieweschWanderung gëeegent fir Kanner ab 10 JoerDenkt un fest Schong a SonneschutzDrénkfläschen kënnen um Startpunkt gefëllt ginnD'Wanderung ass net gëeegent fir PousettenHënn un der Léngt erlaabt 

Info an Ticketen: https://www.visitluxembourg.com/lu/event/picknick-am-wengert-letzebuerg-dat-ass-vakanz