Groussen Téléviedag an der Aerenzdallgemeng zu Medernach, chèque final 147.930.- euro

Samsdeg. 25 Abrëll 2015 war den groussen Téléviedag an der Aerenzdallgemeng zu Medernach.
De Reen huet d’Läit net oofgehalen ze kommen, moies beim Zumba, Nordic Walking a Kaffi mat regionalen Produkter aus dem Mëllerdall war schons vill lass, et war super Ambiance.
Um Départ vum Moto Tour waren 180 Gefierer; den RTL Velo Challenge as och erkomm fir Kaffi, duerno waren Zumba, Nordic Walking, Judo Demonstratiounen, alles ass super gelaaf.
De ganzen Daag iwwer waren emmer Concertë : Saxofolies, Hueschterter Musek, Strëpp vun der Fanfare de Medernach, Marching Band aus dem Staater Conservatoire an e Portugiesesche Folklore Grupp.
Et goufen Stänn mat Info iwwert “don de moëlle”, Organspenden, Massagen vun OA6, Matcha Téi.
D’Power Show mam Georges Christen an Traktor Pulling mat de Kanner aus der Gemeng war e groussen Highlight.
Am Nomëtteg war e Fussballsmätch zweschent dem RTL Dream Team vs. Aerenzdaller Allstars, mat Minister Fernand Etgen an weider Notabilitéiten, de Mätch gouf vun den Aerenzdaller gewonnen mat 1-0 duerch e Schoss vum Serge Guth, Enseignant an der Aerenzdallschull ! Et as anscheinend déi eischte Këier wou den Dream Team e Mätch verléiert !
D’Chorales Réunies hun méi wéi 500 Tiitercher Wäffelcher verkaaft an 70 Liter Deeg verschafft fir Eisekuchen.
Weider fir z’Iessen waren Grill, Fritten, Goulaschzopp, Spaghetti, Taartebuffet an e Mettegiesen gekacht vum David ALBERT asu der “Ernz Noire” vum Grondhaff.
D’Schecken vun allen Organisatiounen am Laaf vum Joer hun eleng 88338 €uro erabruecht, den déckste Scheck war vun der Aerenzdallschull mat sagenhaften 28000.- €uro, déi d’Schoulkanner an d’Léierpersonal gesammelt hun mat Aeppeljusverkaaf, hieren Chrëschtmaart, e Bichermaart, e Concert mam Männerchouer aus dem Mëllerdall, bezuelt Laafen rondrëms den Fussballsterrain, an eng CD mat Lidder, déi se selwer geschriwwen an gesongen hun. Si hun dëss Lidder och virgedroen am spéide Nomëtteg, dat war én vun den gréissten Highlights vum Dag.
Um 19:00 Auer war du d’live Iwwerdroung op RTL Fernseh wou mer den “chèque final” vun der Aerenzdallgemeng konnten präsentéieren : 147930 euro
Den Owend as nach flott ausgeklongen mat enger Fackelwanderung, Lagerféier, Night Glow an immens flott Concertë vun den “Halunken”, “De Roude Fuedem”, “IRINA Band”, “Schëppe Siiwen”, an “Lucy spillt um Späicher mam Daiwel”.
E grousse Merci un all déi vill Benevoler, niewt dem Comité vun 17 Läit an allen Gemengenaarbechter waren ronn 150 Awunner aus der Gemeng am Asaatz.
Kuckt op www.facebook.com/TelevieAerenzdall fir vill Foto'en a Video'en vum Dag