Tour de Luxembourg laangscht Camping Kengert, Medernach GPM cat 2

Touristen déi schons fir den Paischtweekend do sin, profitéieren dervun dat den Tour de Luxembourg laangscht den Camping saust, no enger Montée vun 4,36% vun Larochette (Feels) aus.
Hei as och den Kontrollpunkt vum "Grand Prix de la Montagne". Sechs Biergbewertungen stinn haut um Programm: "Kéngert" (Kategorie 2) no 33,3 km, "Côte de Colmar-Berg" (Kat. 1) no 46,3 km, zu Saeul e Biergpraiss Kat. 2 no 73,6 km, "Côte de Nospelt" (Kat. 1) bei km 82,5, den "Poteau de Kayl" (Kat. 2) no 124,2 an no 157,1 km bei der Arrivée zu Scheffléng nach emol e Biergpräiss vun der eischter Kategorie.