Zu Miedernach ass e néien Hotel entstanen.

Op Miedernach-Kengert huet d’Equipe vum Fieschter e flotten Insektenhotel gebaut, aus villen Naturmaterialien, ënnert anerem Holz (Bamschäiwen, Äscht, Holzwoll), Baumrinde, Stréi, Hee, Schilfrohr, Bambusstaangen, Reisig, Torf a Lehm.
Den ideale Standuert fir en Insektenhotel ass gläichzäiteg voll an der Sonn a witterungsgeschützt. Doduerch gëtt engersäits séchergestallt, dat et genuch waarm ass fir d’Brut an anerersäits genuch Schutz fir Wand a Reen do ass, an dann huelen d’Insekten de kënstleche Quartier och un.
An der Noperschaft si vill Kraider, wëll Planze mat Blummen an einheimisch Straicher a Beem fir den Nahrungsbedarf vun den Insekten oof ze decken.
Et sinn awer och Naschtplaze fir Vigel am Hotel ënnerbruecht.

Kommt Dir op de Buerfousswanderwee beim Camping Kengert, da kënnt der den Insektenhotel kucke kommen.

Beim Buerfousswanderwee ass och e neit Stéck bäikomm, en Motorikpark. Den Motorikpark bidd esouwuel Kanner wei och Erwuessenen d’Méiglechkeet Balance, Koordinatioun, Kraaft a Fitness ze tanken an ze trainéieren.
www.medernach.info
www.facebook.com/Barfusswanderweg