Menster Konveniat vun de Jaargäng 1922-1960

Flotte Konveniat

D’Jaargäng 1922 bis 1960 hu sech zu Menster erëmgesinn.

Kierzlech hate sech di fréier Schoulkomerodinnen a – Komeroden, déi zu Menster während de Jaaren 1922 bis 1960 an d’Primärschoul gaange sinn, zu hirem schon traditionelle Konveniat getraff.

Op d’Invitatioun vum Jean-Claude Schiltz a vum Gritty Thiel haten nët manner ewéi 37 Schoulkomerode geäntwert. Ganz houfreg ware se all op di 101-jähreg Komerodin, d’Madame Leontine Demoulling-Schoos, di sech am Altersheem zu Jonglënster enger gudder Gesondheet erfreet, mee dee’er dat Ganzt verständlecherweis ze vill Opregung bruecht hätt: si hat sech entschëllegt.

Den Dag huet ugefaang mat enger Mass an der Menster Kierch, zelebréiert vum Här Paschtouer Guy Diederich a verschéinert duerch de Gesank vun de Komeroden Marie-Thérèse Walentiny, Nico Walentiny a Guy Thillges.

An der Mass gouf besonnesch un déi Klassekomerode geduecht, di sait dem läschten Treffen, dem Jaar 2019, verstuerwe sinn.

Bei engem Emfank am Centre culturel ¨an der Schmëtt¨ huet d’Gemeng Betzder den Apéritif offréiert. Do wou all d’Aarbechtsgeschiir vum Schmatt ausgestallt ass, an di Eelst ënner iis nach erlieft hun wi fréier d’Paerd beschloe goufen, si schon éischt Erënnerungen ausgetosch gin.

Zu Fouss ass et fir d’Mëttegeessen an de „Café am Duerf¨ gaangen, a bei engem gudde Maufel si während e puer gesellege Stonnen a gudder Ambiance vill schéin a flott Anekdoten aus der onvergeesslecher Jugend- a Schoulzaït nees opgefrëscht gin.

Ise Komerod a Fotograf Rob.Schiltz huet mat Professionalitéit de ganzen Dag iwer alles am Bild festgehal, an nët mi spéit wi den Dag nom Treffen hat jidfereen deen dobaï war, eng Foto-Galerie als bleiwende Souvenir a senger Mail-Këscht.

Ofschléissend waren all domat averstanen, sech Ufank Oktober 2024 erëm zegesinn.
Text :Gritty Thiel Foto:Schiltz Rob.