Konveniat 2026 vun de Menster Schoulklasse vun1940 bis 1965.
Den 3. Oktober war et nees esouwait: D’Meedercher an d’Jongen aus der Menster Primärschoul haten sech vir hiren traditionelle Konveniat zesummefonnt. D’Sonn huet iwwer de Widdebierg geblénkt, wéi déi Komerodinnen a Komeroden sech an der « aler Scheier » zu Betzder erëm gesinn hunn. Scho beim Aperitif, offréiert vun der Gemeng Betzder, war d’Ambiance häerzlech an entspaant.
De Guy Thillges huet an enger flotter Ried all Leit begréisst, a ganz besonnesch di deemoleg Léierpersounen , den Här Erny Weis an d’Madame Jacqueline Weis, di frou waren, fir hir aal Schüler erëm ze gesinn.
Et gouf och un Déi erënnert di iiss saït dem leschte Konveniat, deelweis leider vill ze fréi, verlooss hunn : et sinn den Nico Schiltz, de Jeannot Goergen, d’Simone Kremer-Kons, den Nico Hoffmann, de Marcel Engel, de Jhaeng Schiltz, de Michel Houdremont, d’Germaine Fischer-Kleman.
Am Numm vun der Gemeng huet och d’Madame Marie-Claire Ruppert d’Gäscht begréisst, a mat en etleche Spiichte vu fréier huet sii munchereen un d’Schmunzele bruet. Dono goung et zu Fouss an de beschtbekannte Restaurant « le Château » zu Betzder, a bei engem gudde Maufel gouf gelaacht, gepotert, sech ausgetosch, a vill flott Erënnerunge koumen op d’Tapéit.
Den Nomëtteg ass vergaangen, ier een sech ëmsinn hat. A fir datt jiddereen dësen Dag esou huerteg net sollt vergiessen, dofir huet de Rob Schiltz mat senger Kamera gesuergt. Spéit am Owend gouf sech a komerodschaftlecher Atmosphär Äddi gesot, an all waren si sech eens vir sech an 2 Jaar nees erëm ze gesinn
Text: Gritty Thiel