Kleeschen bei der Douane‘s Musek

Nodeems de Kleeschen am Nomëtteg bei deene Jéngste vun der Douane passéiert ass, koum e géint der Owend nach eng Kéier bei d‘Musikante vun der Douane‘s Musek. Mat musekalesche Kläng gouf hien empfaangen an de President Änder Friden huet dem hellege Mann villmools Merci gesot datt en de Wee erëm bei déi léif Musikante fonnt huet. Jidderee krut eng schéin Titchen an den Houseker konnt seng Rutten erëm all mat heem huelen. Bei engem sëffege Patt an engem gudde Maufel ass dës Traditioun mat Erzielunge vu fréiere Kleesechersfeieren op en Enn gaangen.