Viru 50 Joer : éischt Première am Lycée Michel Rodange

De 4. Juli 1973 goufen an der Entrée vum LMRL um Geesseknäppchen eng éischt Kéier d’Resultater vun engem Premièresexamen affichéiert. Genee 50 Joer drop, de 4. Juli 2023 hu 14 Primaner vun deemools zesummen mat de Proffe Fränz Thill an Norbert Haupert hiren Diplom nach eng Kéier gefeiert.

Bei engem Besuch an hirem ale Lycée goufe se vum Direkter Jean-Claude Hemmer duerch dat komplett renovéiert Gebai gefouert. D’Ex-Schüler ware sech eens: « Do kritt ee Loscht, nach eemol an d’Schoul ze goen ! » Ob se dat géife maachen, steet op engem anere Blat. Wat awer sécher um Programm vun den éischten LMRL-Primaner steet : sech – wéi scho 25mol zënter 1973 - nach méiglechst dacks erëmzegesinn an da wéi bei dësem Jubiläums-Konveniat iwwer engem gudden Iesse flott Souveniren auszetauschen.