Ausstellung am Topaze Peintures & Sculptures

08
Feb
2024
08 Feb 09 Feb 10 Feb 12 Feb 13 Feb 14 Feb 15 Feb 16 Feb 17 Feb 19 Feb 20 Feb 21 Feb 22 Feb 23 Feb 24 Feb

Peintures & Sculptures TOPAZE Shopping Center


Konschtausstellung vun 21 Kënschtler vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl.

D'Ausstellung, déi vum 8. bis de 24. Februar an Zesummenaarbecht mam Topaze Shopping Center um Mierscherbierg stattfënnt, enthält ënner anerem Skulpturen aus Holz a Pabeier, abstrakt Zeechnungen, Upcycling, Déiereportraiten a Aquarelle, Konscht aus Bicher a Biller an Acryl- an Uelegfaarwen, alles Wierker déi natierlech och ze verkafen sinn.


D'Kënschtler déi ausstelle sinn: Valerie Backer, Nicole Bemtgen, Michel Besch, Chantal Blum, Charlotte Coles, Cosimo Genco, Danielle Gottal, Pauline Hipp-Speidel, Raymonde Holz-Brochmann, Tun Jacoby, Marianne Kneip, Bljerim Kurti, Henriette Larsel-Dupont, Hsuan Chih Lee, Eliane Lothritz, Inguna Miluna, Megan E. Schackmann, Gilberte Sidon Krein, Marie Sierra, Nicole Wark-Blasen, Sophie Wolff.