Fréijoersmaart am Topaze

Den 23. a 24. Mäerz stelle 35 Membere vun „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl“ am Topaze Shopping Center aus. Wéi op all eise Mäert fënnt een nëmme Saachen aus eegener Produktioun.

Ënnert anerem gebastelt Ouschtersaachen, Ouschterhuesen, Kränz mat Blumme fir un d'Dieren, vill Artikelen am Haarz, Holzspillsaachen, Gelasert a matt Ledluuchte beliichten Deko Géigestänn, kleng Heemdekoratiounsartikelen aus Holz oder Sperrholz, Keramik, gemoolten Héngereeër, Gänseneeër a Strausseneeër, Seefen aus Naturprodukter, gehäkelt Saachen, Konscht aus Pabeier, Klëppelen, Bicher, handgemaachte Käerzen, Schofsfell, peintures d'oiseaux sur coquilles d'œufs, Kaarten fir all Geleeënheeten, Bijoue mat Natursteng asw.


Um 1.Stack fannt dir 14 Stänn, alles zum Thema „BITZEN“.

Do fënnt een ënnert anerem: selwergebitzten Accessoire fir Grouss a Kleng, wéi Wëschdicher, Läppercher, Krabbeldecken, Bäissréng, Suckelbänner, Mutzen, Poschen, Rucksäck, Patchwork, Këssen, Kannerkleeder a Villées méi.

Op 10 Stänn schaffen Hobbykënschtler op hirer Bitzmaschinn, an et gi 4 Atelier / Workshop ugebueden.

Am Atelier 1 kënnen d’Leit selwer maachen: Porteclef (fir Kanner) & eng Mäppchen (a Pyramideform)

Am Atelier 2 kënnen d’Leit selwer maachen: Housse fir e Kappkëssen & Schachtelen

Am Atelier 3 kënnen d’Leit selwer maachen: Nuesschnappech- Housse. Postkaart brodéieren.

Am Atelier 4 kënnen d’Leit selwer maachen: Scrunchie/Hoerlastik , Hoerband & Handysëtzkëssen

D'Lëscht vun den Aussteller op www.hobbykl.lu