Peintures & Sculptures am Topaze

Peintures & Sculptures TOPAZE Shopping Center


De 7. Februar ass et erëm sou wéit, dann ass um 18:00 de Vernissage vun der Konschtausstellung vun 21 Kënschtler vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl.

D'Ausstellung, déi vum 8. bis de 24. Februar an Zesummenaarbecht mam Topaze Shopping Center um Mierscherbierg stattfënnt, enthält ënner anerem Skulpturen aus Holz a Pabeier, abstrakt Zeechnungen, Upcycling, Déiereportraiten a Aquarelle, Konscht aus Bicher a Biller an Acryl- an Uelegfaarwen, alles Wierker déi natierlech och ze verkafen sinn.


D'Kënschtler déi ausstelle sinn: Valerie Backer, Nicole Bemtgen, Michel Besch, Chantal Blum, Charlotte Coles, Cosimo Genco, Danielle Gottal, Pauline Hipp-Speidel, Raymonde Holz-Brochmann, Tun Jacoby, Marianne Kneip, Bljerim Kurti, Henriette Larsel-Dupont, Hsuan Chih Lee, Eliane Lothritz, Inguna Miluna, Megan E. Schackmann, Gilberte Sidon Krein, Marie Sierra, Nicole Wark-Blasen, Sophie Wolff.


D'Ausstellung kann an den Ëffnungszäite vum Akafszenter gekuckt ginn.